Grouss Bamplanzaktioun am Lycée Bel-Val

Grouss Bamplanzaktioun am Lycée Bel-Val

Grouss Bamplanzaktioun am Lycée Bel-Val

6 décembre 2022

  - événements

Op Initiative vun engem vun eise Schüler wärend dem Filmfestival « Films4Change » , sinn haut de Moie 15 Uebstbeem um Terrain vun der Schoul ugeplanzt ginn, dëst a Presenz vum Educatiounsminister Claude Meisch. Des Aktioun ass organiséiert ginn vun eisem Fairtrade-Comité. De Minister huet selwer Hand ugeluecht, zesumme mat de Schüler fir déi 15 Beem ze planzen.
E grousse Merci eise Sponsoren: Spuerkeess, dem Landwirtschaftsministère Ministère de l’Agriculture, de la Viticulture et du Développement rural, Cactus Lëtzebuerg, Atelier d’architecture BENG, an de Membere vum Fairtrade-Comité, déi de Finanzement vun dëser Aktioun iwwerholl hunn.
Wärend dem Festival « Films4Change », deen all Joer am Lycée Bel-Val organiséiert gëtt, hunn d’Schüler d’Méiglechkeet Filmer zum Thema Klimawandel, Natur- an Ëmweltschutz ze kucken a mat Regisseuren vun de Filmer a Responsabelen vun ONGen, déi an deem Beräich täteg sinn, iwwer des Sujeten ze diskutéieren. Artikel am Tageblatt