De Mérite Jeunesse am LBV

Wat ass de Mérite Jeunesse?

De Mérite Jeunesse existéiert a Lëtzebuerg säit 1993 an ass e net kompetitive Programm deen sech u Jugendlecher tëschent 14 an 24 Joer riicht. De Lëtzebuerger Mérite Jeunesse  ass un den engleschen Duke of Edinburgh’s International Award gebonnen, deen an 140 Länner existéiert.

Firwat soll ech matmaachen?

“Net kompetitiv” bedeit, dee Jonken ass net am Wettkampf mat aneren, mee versicht seng eegen Zieler ze erreechen, Schwächten ze iwwerwannen a bestoend Stäerkten ze développéieren.  Heibäi geet et also net drëm dee Beschten ze ginn, mee iwwert sech selwer eraus ze wuessen. Zousätzlech dozou ass de Mérite Jeunesse International unerkannt an eng Beräicherung fir de CV an déi perséinlech Entwécklung. Am Wichtegsten ass awer, dass d’Participanten Spaass hunn a nei Erfahrungen sammelen.

Wéi ass de Mérite Jeunesse opgebaut?

Déi Jonk definéieren hir eegen Zieler an dräi verschiddenen Beräicher: Sport, Talent a Bénévolat. Esou kënnen d’Participanten bestoend Stäerken notzen a verdéiwen oder och nei Interessensfelder entdecken. Zousätzlech organiséieren d’Participanten eng Wanderung déi sech iwwer wéinstens 2 Deeg zitt. Wann de Jonken alles ofgeschloss huet, gëtt hien mat enger Médaille déi sengem Participant-Level entsprécht belount.

De Mérite Jeunesse ass an dräi Niveauen agedeelt: Bronze, Sëlwer a Gold. Dës Niveauen ënnerscheeden sech virun allem duerch d’Dauer an d’Intensitéit vum Effort, deen muss geleescht ginn. De Mérite Jeunesse ass keen Sprint an de Participant ka selwer entscheeden, wéini hien wéi eng Etappe ugräift. Déi Jonk sinn awer net alleng, mee ginn vun der Équipe vum Mérite Jeunesse ënnerstëtzt, beroden a begleet.

Wéi informéieren ech mech weider a wou kann ech mech umellen?

De Mérite Jeunesse gëtt och am LBV offréiert. Fir méi Informatiounen kënnt dir eng E-Mail maachen (meritejeunesse@lbv.lu) oder dir wend iech un d’Cellule vum Mérite am LBV, d’Madame Nadine Sadler an den Här David Viola. Zousätzlech fannt dir Informatiounen um nationalen Site vum Mérite Jeunesse (https://merite.jeunesse.lu).