Innovativ Schoule begleeden déi Jonk an der Orientatioun

Innovativ Schoule begleeden déi Jonk an der Orientatioun

Innovativ Schoule begleeden déi Jonk an der Orientatioun

12 décembre 2022

  - Agenda

De Lycée Bel-Val organiséiert all Joer honnerte Stagë fir d’Schüler vu 4e bis 2e. Dëst erméiglecht ee Bléck an d’Beruffswelt an erlaabt de Schüler, wichteg Weiche fir déi schoulesch a berufflech Zukunft ze stellen.
Donieft ginn am Lycée Bel-Val Kanner mat spezifesche Besoine mam Projet “Smart by nature” gefërdert, bei deem se vill Zäit dobausse verbréngen. Deen enke Kontakt mat der Natur erméiglecht et, fir se individuell ze fërderen a konkret mat hinnen ze léieren.