Sammel- a Spendenaktioun 6P

Sammel- a Spendenaktioun 6P

Sammel- a Spendenaktioun 6P

18 décembre 2020

  - Non classé

D’Schüler vun der 6P hunn hiren Erléis vum Chrëschtmaart vu leschtem Joer (Floumaart, Kichelchersstänn vun de 4 Klassen, Fifa) zu engem Deel dem Lions Club gespent fir d’Solidaritéitskaarten. Den aneren Deel hun si un de Flüchtlingsfoyer Neudorf vun der Caritas zu Esch gespent. Si hunn eng grouss Sammelaktioun (Kleeder a Spillsaachen) iwwer déi lescht 2 Woche lafe gehat wou ganz vill zesumme komm ass a si hunn eenzel Kaddoe verpak (fir Kanner-Jongen a Meedercher, Jugendlecher-Jongen a Meedercher, Erwuessener-Jongen a Meedercher) sou dass fir jiddereen eppes dobäi ass. Kleeder déi vum Floumaart vu leschtem Joer iwwreg bliwwe sinn, goufen och nach verwäert. D’6-3 huet eis wonnerschéi Chrëschtdagskaarte gebastelt déi mir bei d’Päck bäigeluecht hunn. Dei offiziell Iwwerreeschung vun de Spenden als och vum Chèque iwer 180€ huet haut am Beisein vun der Direktioun an der Mme Vargas vun der Caritas stattfonnt.