« Reporter »

« Reporter »

« Reporter »

27 juillet 2021

  - Non classé

Den 14. Juni ass den Här Bumb, Chefredakter, Gérant an ee  vun de Grënner vu « Reporter », enger Internetzeitung, op di de Lycée Bel-Val abonnéiert ass an aus där mir scho verschidden Artikele gelies hunn, an eis Klass komm fir e puer Froen ze beäntwerten…

Wat ass REPORTER ? 

Reporter ass eng Online-Zeitung di 2018 iwwer e Crowdfunding, vun 3 Lait gegrënnt ginn ass. Domadden war ee wichtege Pilier erfëllt, an zwar deen eng onofhängeg Zeitung ze sinn, d.h. onofhängeg vu grousse Medien ze sinn, net vun enger Gewerkschaft oder enger Partei beaflosst ze ginn.

Den 2. Pilier ass Zäit fir Recherche. “Reporter” publizéiert een Artikel pro Dag an ass domadden ee Kontramodell zum aktuelle Journalismus wu et virun allem dorëms geet schnell Informatiounen weider ze ginn. D’Journalisten vu “Reporter” huelen sech Zäit fir hier Recherche ze maachen ier se een Artikel verëffentlechen.

Den 3. Pilier ass kritesche Journalismus ze bedreiwen, “Reporter” wëll hannert d’Saache kucken, dat heescht investigative Journalismus machen an och Tabuthemen uschwätzen. D’Journaliste vu Reporter wëlle Saachen opdecken, di net sollen opgedeckt ginn.

Wi sidd dir drop komm Journalist ze ginn ?  

Schonn an der Primärschoul huet den Här Bumb aus Spaass Artikelen zu Tennis- a Fussballsmatcher geschriwwen di hee gekuckt huet. Spéider huet heen am Lycée Artikelen iwwer Sport fir d’Luxemburger Wort geschreiwen. Op der Uni huet hee Politik a Geschicht studéiert an ass esou Journalist ginn.

Ass Journalist Äeren Dramberuf ? 

Nom Lycée war den Här Bumb net sëcher wat en eigentlech maache sollt. Journalist war eng logesch Konsequenz vum Studium, hee wollt ëmmer an di Richtung goen an de Beruf gefällt him richteg gut, obwuel heen haut méi den administrativen Deel vu “Reporter” mécht.

Wi laang sidd Dir scho Journalist ? 

Den Här Bumb ass schonn 11 Joer Journalist.

Ass Journalist ee schwéiere Beruf ? 

Jo, Journalist ass ee Beruf wu een oft méi wi 8 Stonnen den Dag schafft an och de Week-end.

Wat war den éischten Artikel deen Dir geschriwwen hudd ? 

Deen éischten Artikel deen den Här Bumb geschriwwen huet, war fir d’Luxemburger Wort iwwer ee Fussballsmatch an der Éierepromotion 2001.

A wi eng Länner si Dir scho gereest fir Artikelen ze schreiwen ? 

Fir d’Luxemburger Wort ass den Här Bumb an d’USA gereest fir en Artikel iwwer d’Wahlcampagne vum Donald Trump ze schreiwen. Hee war do op engem Event wu e live matkritt huet, wi d’Lait d’Journalisten ausgebuht hunn, well den Donald Trump gesot huet d’Journaliste génge “fake news” verbreeden.

Wat fir Iech perséinlech dee beschten Artikel deen Dir bis elo geschriwwen hudd ? 

Den Här Bump konnt fir d’Luxemburger Wort en Interview mam däitsche Komiker Georg Schramm maachen, deen eigentlech zanter Joeren keng Interviewe mi ginn huet. Fir den Här Bumb war et eng grouss Éier den däitsche Komiker kënnen ze interviewen.

Sidd Dir op een Artikel besonnesch stolz?

Net iwwer een Artikel, mee am meeschte stolz ass den Här Bumb driwwer Reporter mat gegrënnt ze hunn, wat net evident war, well si ouni Publicitéit funktionéieren an op d’Abonnementer vun der Lieserschaft ugewise sinn fir sech kënnen ze finanzéieren. Si hu mat 3 Journalisten ugefaang a sinn haut zu 10.

Wi laang braucht Dir fir en Artikel ze schreiwen ? 

Et hänkt vum Artikel a vum Opwand vun de Recherche fir den Artikel of.

Wi huelt Dir Kontakt op mat de Lait iwwer di Dir en Artikel schreiwe wëllt ? 

Mat der Zäit kennt een e ganze Koup Lait aus dem ëffentleche Liewen, bei privat Persoune muss ee recherchéiere wi een u se kënnt.

Wi fillt dir Iech wann dir en Artikel iwwer ee schwéiert Thema maacht ? 

Et dierf een als Journalist di Theme net ze no u sech eru loossen fir kënnen professionnel ze bleiwen an en objektiven Artikel ze schreiwen.

Hudd Dir iech schonn a Gefor bruet winnst engem Artikel  oder ginn et Lait di Iech schlecht wëlle, well dir iwwer kritesch Theme schreift ?

Et ass zu Lëtzebuerg Gottseidank net wi an Amerika oder a Russland.

A Gefor net, mee et ass scho versicht ginn Drock auszeüben datt Artikele solle geläscht ginn, wat awer net gemaach ginn ass. Dofir ass et immens wichteg eng gutt Recherche ze maachen, well net dierf ee Grond do sinn fir dem Drock en Artikel ze läsche musse nozeginn. Lëtzebuerg ass kleng an hierer Reputatioun ging dat immens schuede wa si géngen en Artikel publizéiere wu falsch Informatioune géngen dra stoen.

Wéi kommt Dir op d’Idee fir är Themen ? 

Meeschtens duerch Saachen di grad aktuell sinn.

Mir soen dem Här Bumb villmools Merci datt hee sech Zäit geholl huet fir eis all eis Froen ze beäntweren.