Thema „Smartphone“
Den Dënschde, 3 Juni huet d’3GPS un enger Aktivitéit zum Thema „Smartphone“ deelgeholl, déi vun der Akademie vun der Superdrëckskëscht gehalen gouf. D’Schülerinnen a Schüler kruten en Abléck an de Liewenswee vun engem Smartphone an hunn d’Grondprinzipie vun der Nohaltegkeet kennegeléiert an gouffen op d’Problemer opmierksam gemaach, déi mat der Produktioun, Notzung an Entsuergung vun engem Smartphone verbonne sinn. Si hunn zesumme reflektéiert, wéi e Smartphone sengem ganze Liewenszyklus no Auswierkungen op d’Mënschen, d’Natur an d’Wirtschaft huet.
D’Schüler kruten och d’Méiglechkeet, iwwer d’Aktualitéit vum Handyverbuet an der Schoul ze diskutéieren an hir eege Meenung dozou auszetauschen. Duerch dës Aktivitéit hunn si geléiert, kritesch ze denken an Handlungsalternativen fir e verantwortungsvollen Ëmgang mam Smartphone ze entwéckelen.