26 mars 2026
- Agenda
Mir gratuléieren dem Caroline Serres vun der 2CP wat op der Lëtzebuerger Philosophie Olympiad déi 2. Plaz erreecht huet an elo matt op Warschau fiert fir un der Internationaler Philosphie Olympiad deel ze huelen.
De läschte Freidech hunn d’Caroline Serres (2CP), Chloé Klein (2GSO1), Polina Tsyvinska (2GSOF) a Maria Ferreira (2GSOF) un der Lëtzebuerger Philosophie Olympiade deelgeholl. Si hunn ee flotten an ureegenden Dag verbruecht an iwwert d’Fro, ob Fridden méi wéi d’Ofwesenheet vu Krich ass philosophéiert.