Eis Klassen 4GSO1 an 4GSOF haten viru kuerzem eng interessant Visitt bei La Provençale, begleet vun den Enseignanten. Dës Visitt war am Kader vum Fach ECOGN (Économie Générale) organiséiert. D’Visitt huet de Schüler erméiglecht, konkret Ablécker an de Fonctionnement vun enger grousser Entreprise zu Lëtzebuerg ze kréien. Bei der Visitt hu si geléiert, wéi d’Entreprise organiséiert ass, wéi d’Logistik funktionéiert an wéi vill verschidde Beruffer an enger eenzeger Entreprise zesummeschaffen.
Mir soen La Provençale villmools Merci fir den häerzlechen Accueil an déi spannend Visitte.