Remise des insignes du mérite Jeunesse 2026: den 10. Mäerz hunn d’Anne-Marie an d’Caroline Serres (1CP an 2CP), d’Sohane Eiffes (1CP) an de José Santos Carvalheiro (1CP) während enger feierlecher Zeremonie a Präsenz vum Grand-duc Guillaume d’Médaille de bronze vum Mérite Jeunesse kritt. De José huet an enger spannender an émouvanter Ried dem Public am Sall säi Parcours firgestallt. Haut ass dann och en Artikel vum José séngem Parcours am Essentiel: https://www.lessentiel.lu/…/au-luxembourg-grace-au….
Mir gratuléieren de 4 Schülerinnen a Schüler fir dëse wonnerbaren Exploit! E grousse Merci och un d’Tuteuren déi d’Schüler op dësem Wee begleet hunn: Nadine Sadler, Pino Scalise an David Viola.