Projet “L’actu, j’en fais quoi?”

Projet “L’actu, j’en fais quoi?”

Projet “L’actu, j’en fais quoi?”

19 janvier 2021

  - Non classé

Vun Dezember bis Januar hunn d’Klassen vun de COP-COR aus dem Lycée Bel-Val sech an engem kreativen Projet engagéiert. An Zesummenaarbecht mat Théâtre K ënnert der Régie vum Camille Besse a Gérald Dumont, der KUFA an der Associatioun “Les Courtisans” (fir d’Videoproduktioun) hunn d’Schüler geléiert sech op eng villfälteg a konstruktiv Art a Weis auszedrécken a matzedeelen. Ënnerstëtzt a begleed goufen si vun hire Régenten Pascale Diederich an Carole Hertel.

Projet « l’actu j’en fais quoi »
Ee Sujet aus der Aktualitéit eraus sichen, den een touchéiert, den ee fir sech interpretéiert, jiddwereen anescht, jee no sengem eegenen Erlieften.

Dann :
Zeechnen
Mat enger Initiatioun vum Camille Besse zum Thema Karikaturen, eng eegen Zeechnung entwerfen, an dem een mam Absurden, mam Humor , mam kritesche Geescht schafft.

Schreiwen
De Gerald Dumont bréngt et fäerdeg aus jidderengem SENG Geschicht an Sensibilitéit erauszekëddelen an an engem Meli-Melo mam Sujet aus der Aktualitéit en ganz perséinlechen Text ze verfaassen.

Liesen
Dat haart Virliesen, virun deenen aneren, u senger Betounung, Aussprooch, Artikuléiere schaffen, ass erëm e Schratt méi fir d’Selbstvertrauen vun eise Schüler.

An : le tout est plus que la somme des parties: kuckt selwer de Video.