9 juillet 2025
De Service Soutien Nossbierg war mat vill Engagement um Schoulfest vum Lycée Bel-Val dobäi!
Ënnert dem Thema Inklusioun hu mir zesumme mat eisen Usager’en, Personal, Schüler a Visiteuren ee Memory gemaach, ee Fallschiermspill a Sëtzdänz. D’Freed war grouss – jidderee konnt matmaachen a sech wuel fillen.
Merci un all déi, déi dësen Dag esou besonnesch gemaach hunn!