Francis Kirps

Francis Kirps

Francis Kirps

20 juin 2019

  - Evénements bibliothèque

E witzege Mueren mam Francis Kirps

De Francis Kirps, lëtzebuerger Auteur a Poetry Slammer, war op Besuch am Lycée an huet Geschichten aus sengem Buch Planet Luxemburg und andere komische Geschichten virgedroen.

 

Ausserdem krute mir nach en Abléck an d’Welt vum Poetry Slam, an der de Francis Kirps gären an och nach erfollegräich ënnerwee ass. Poetry Slam ass e literaresche Concours, wou selwer geschriwwen Texter an enger virgeschriwwener Zäit op enger Bühn viru Publikum virgedroe ginn. De Publikum décidéiert duerno wien de Gewënner ass.