1.800 Euro hunn d’Schüler fir CARE gesammelt.

„Ech war selwer schonn am Mosambik an hunn d’Aarmut mat mengen eegenen Ae gesinn. Nodeems eng Rei Wierbelstierm d’Land schwéier getraff hunn a 600 Mënschen hier d’Liewe verluer hunn, konnte mir net méi anescht an hunn eppes missen ënnerhuelen.“ Sou erkläert den Philippe Dias, Schüler aus dem Lycée Bel-Val, d’ vum éischte Brain Marathon zu Lëtzebuerg. Schüler aus der Klass 3GIG vum Lycée Bel-Val hunn wärend engem Schouldag mathematesch, chemesch an physikalesch Problemer geléist a vir all geléisten Aufgab Spenden vun de Sponsoren vir de gudden Zweck gesammelt. Souwuel d’Schüler wéi och hier Proffen waren immens stolz op d’Unzuel vun den Aufgaben déi geléist konnte ginn, déi et hinnen erméiglecht huet eng Spent vun 1.800€ vir CARE ze sammelen.

Mat dëser aussergewéinlecher Leeschtung ënnerstëtzen si d’humanitär Hëllef vu CARE am Mosambik. CARE hëlleft Mammen dobäi eng nei Liewensgrondlag opzebauen, mat där si hier Kanner ernäre kennen. D’Schüler goufen net nëmmen duerch déi gesammelt Spenden belount, mee si kruten och am Kader vun der Remise des diplomes den « Prix de la solidarité » vun der Direktesch Astrid Schuller iwwerreecht.

CARE seet de Schüler Philippe Dias, Kasia Andrejczak an Amina Dedinic, souwéi de Proffen Liliane Martins, Marc Huberty aan Mike Wampach villmools Merci vir d’organiséieren, ënnerstëtzen an betreien vun dëser Aktioun.

https://www.rtl.lu/news/si-hu-gespent/a/1381965.html