Eng staark Aktioun am Kader vun der Sustainable Week!

Eng staark Aktioun am Kader vun der Sustainable Week!

Eng staark Aktioun am Kader vun der Sustainable Week!

8 juillet 2025

  - Agenda

Den 3. Juli war eng Equipe vum Plooschterprojet vu 9:00 bis 10:00 Auer zu Besuch am Lycée Bel-Val.
D’SchülerInnen vun der 3eGPS haten am Virfeld en Opruff un d’Klassen aus dem Cycle Supérieur gestart, fir sech als **StammzellenspenderInnen** ze enregistréieren. Fir déi wichteg Sensibiliséierung hu si och en Informatiounsvideo produzéiert, an interesséiert SchülerInnen a MataarbechterInnen konnten sech ganz einfach iwwert e Forms umellen.
🎉 D’Resultat: 37 nei StammzellenspenderInnen an nëmmen enger Stonn!
E grousse Merci un all déi, déi dës Aktioun mat organiséiert a matgemaach hunn! 💪💛