4 décembre 2025
De Lycée Bel-Val ass houfreg, am Kader vum EU-finanzéierte Code4Europe-Projet, als Gewënner vum EU Code Week Grant ausgewielt ginn ze sinn. Duerch de Projet „L‑Bot‑V – Designing & Coding Robotics for All: Inspiring Future Innovators“ ginn eis Schüler a Schülerinne gezielt am Beräich Robotik a Programmatioun gefërdert an matt wichtege digitale Kompetenze vun der 21. Joerhonnert équipéiert.
An eisem Robotik‑Club schaffen d’Participanten an Teams un VEX V5 an LEGO Spike Prime Roboteren, déi si selwer designe, programméieren an testen. Op de Fotoe gesitt Dir, wéi si konzentréiert tüftelen, experimentéieren a gemeinsam Léisunge fir konkret Problemer fannen.
De Projet setzt op inklusiv Participatioun: Schülleren tëscht 13 an 17 Joer – besonnesch Meedercher a Ufänger am STEM‑Beräich – ginn encouragéiert, sech un de Coursen an un den ausserlechschoulesche Atelieren (Denschdes Mettes ab 14:55) ze bedeelegen. Esou gëtt Robotik iwwert Optiounen net nëmme fest an de Programm vun de Klasse vu 4e a 3e integréiert, mee och als fräiwëllegen, oppene Rendez‑vous an eisem Robotik‑Club ugebueden.
Gläichzäiteg dréit d’Aarbecht am Club zum Geescht vun der EU Code Week bäi, andeems si digital Kreativitéit, Probleemléisung an eng verantwortlech, digital Biergerschaft fërdert. Mir freeën eis drop, d’Resultater vun de Schülerprojeten am Laf vum Schoulsjoer an der Schoul an och mat eise Partner ze deelen.