Space goes to school

Space goes to school

Space goes to school

12 mai 2026

  - Agenda

E Mëttwoch, de 6. Mee, hunn d’Klassen 1GIG, 1TPMA, 1TPMG an 1TCME aus dem Lycée Bel-Val am Festsall un enger Presentatioun deelgeholl, gehale vum Dokter Philippe Ludivig am Kader vun der Aktivitéit «Space goes to school».
De Schüler goufen d’Beruffsméiglechkeeten am Beräich vun der Weltraumtechnik virgestallt. Zousätzlech gouf erkläert, wéi eng Tester e Roboter der Rei no duerchlafe an och bestoe muss, ier en op eng Missioun an de Weltall geschéckt ka ginn.