Eng “fantastesch” Liesnuecht

Eng “fantastesch” Liesnuecht

Eng “fantastesch” Liesnuecht

5 mai 2023

  - Evénements bibliothèque

Schüler*innen vun der 3e aus dem Optiouns-Cours “Lecture” hunn sech Owes am Lycée mat der Madame Gonne an der Madame Sadler getraff fir eng Liesnuecht. Als aller éischt hu sie sech am Turnsall, méi oder manner bequem, ageriicht.

Fir d’Owesiessen huet jiddereen eppes matbruecht fir op de gemeinsame Buffet. Duerno kruten d’Schüler*innen hir Aufgab fir den Owend: all Grupp schreift eng Geschicht wou folgend Stéchwierder mussen dra virkommen: Lycée – Nuit – Groupe d’élèves – Ombre – Licorne

Déi ënnerschiddlech Gruppen hunn direkt motivéiert ugefaangen Ideeën ze sammelen an et sinn immens flott, kreativ, witzeg an iwwerraschend Geschichten eraus komm. Och d’Mme Gonne an d’Mme Sadler hunn sech eng Geschicht ausgeduecht.

A wëll kreativ sinn hongereg mécht, sinn um 23h00 nach Crêpen gemaach ginn. Duerno war nach e bëssen Zäit fir ze liesen, ier jiddereen ageschlof ass.

Mueres ass d’Directrice, d’Mme Schuller, mat Mëtschen an d’Schoul komm an d’Schüler*innen hunn hir fantastesch Geschichten virgedroen.

Mir freeën eis schonn op déi nächste Lienuecht!