10 juin 2025
Nächste Samsdech, 14. Juni ass et sou wäit! Eisen 2. Oldtimerdag fennt statt vun 10 bis 17 Auer.
De ganzen Dag iwwer kennt Der Oldtimeren bewonneren, eist Mécaniquesdépartement besichen matt Visitte vun den Atelieren an Démonstratiounen a vlaicht – matt e besse Chance – en décapotablen MG-F vu 1997 gewannen. Fir Iessen an Drénken ass och bäschtens gesuergt.
Hei ass dann och déi offiziell Affiche vum Dag, déi ennert den am ganzen 88 Affichen als déi flottst ausgewielt ginn ass. Se gouf geschaaf vum Fatoumata DJALÓ aus der 5 – 16. E grousse Merci der Schülerin an all de Leit déi matt ofgestemmt hunn. Des an all déi aaner Affichen kennt Der um Oldtimerdag op Format DinA3 kaafen.
Den Erléis vun deem ganzen Dag ass fir de gudden Zweck. E geet un eis asbl « Frënn vum Lycée Bel-Val », déi Projeten an Aktivitéiten finanzéiert fir Schüler aus engem wirtschaftlech manner privilegiéierten Ëmfeld.
100 avenue du Blues, L-4368 Belvaux
Entrée visiteurs / voitures modernes: https://maps.app.goo.gl/R6JyHZES8n1nWpiZ7
Entrée voitures Oldtimer: https://maps.app.goo.gl/az4QLpkwzGpnzc6B8
Impressiounen vun eisem 2. Oldtimerdag läschte Samsdech.