Gedenken un d’Affer vum Massaker vu Sonnenburg
De Freiden, 30. Januar ass am Lycée Bel-Val un d’Affer vum Massaker vu Sonnenburg erënnert ginn. An der Nuecht vum 30. op den 31. Januar 1945 goufen 819 Prisonéier, dorënner 91 jonk Lëtzebuerger, déi zwangsrekrutéiert waren, vun engem SS-Kommando am Prisong vu Sonnenburg (haut Slonsk an Polen) ermord.
Eis Schüler:innen hunn Gedichter virgedroen an d’Nimm vun deenen 91 jonke lëtzebuergeschen Zwangsrekrutéierter virgelies, déi an der Nuecht vum 30. Januar 1945 ëmbruecht goufen.
Am Kader vun der Gedenkfeier hunn de President vun der Amicale Albert Ungeheuer, den Här Vincent Fally, d’Madamm Paulette Lenert, Member vun der Chambre des Députés, souwéi den Här Educationsminister Claude Meisch an hire Rieden verdäitlecht datt d’Geschicht net vergiess däerf ginn – am Sënn vun engem kloere „Nie méi“. D’Bedeelegung vu Schüler a Jonken spillt heibai eng wichtech Roll.
E grousse Merci un d’Schüler:innen vum Lycée Michel Rodange an un hieren Enseignant, den Här Luc Nilles fir d’musikalesch Ennerstëtzung.