Austauschwoch – Bodelschwingh Gymnasium
Vum Mëttwoch, dem 7.01 bis e Samschden, den 10.01 hate mir erëm d’Freed, mat Schüler*innen aus der 6e an der 5e op de Schüleraustausch ze fueren. Dëst Joer ware mir scho fir drëtt bei eiser Austauschpartnerschoul, dem Bodelschwingh Gymnasium zu Herchen.
Ufanks war d’Opreegung natierlech grouss, mee déi huet sech ganz séier geluecht, wéi d’Schüler*innen sech kennegeléiert a begréisst hunn. D’Deeg ware gutt organiséiert: moies hu mir zesummen d Course besicht an nomëttes stounge flott Aktivitéiten um Programm – ënner anerem Schlittschungfueren oder e Besuch am Schockela-Musée zu Köln. Duerno haten d’Schüler*inne Fräizäit, fir sech besser kennen ze léieren an Zäit mat de Famillen ze verbréngen.
Samstes moies goung et dann erëm heem – begleet vu vill Schnéi, neie Frëndschaften a vill flott an onvergiesslech Momenter am Gepäck. Et war e ganz gelongenen Austausch a mir freeën eis lo schonn op den 2. Deel am Juni bei eis hei zu Lëtzebuerg.