10 décembre 2025
Am Kader vun der Legends Tour war d’schweedesch Heavy Metal Grupp Sabaton de Mëttwoch 26. November an der Rockhal zu Gaascht. Op Invitatioun vun der 3CP hiirem Engleschprof Gérard Kraus huet de Pär Sundström, Grënnungsmember a Manager vun der Band, der Klass am LBV Fro an Äntwert gestanen, awer virun allem ass en drop agaange wéi et ass fir aus Krich, Konflikt a Leed Konscht ze maachen, wat matt der Exploratioun vun Trench Poetry (Gedichter vun der Front am éischte Weltkrich) déi d’Klass geschwënn ugeet, zesummeleeft.