Liesnuecht 2025

Liesnuecht 2025

Liesnuecht 2025

8 mai 2025

  - événements

Vum 25. op de 26. Abrëll huet eis alljärlech Liesnuecht am Lycée Bel-Val statt fonnt. Dës Kéier waren d’Schüler*innen vun de Klasse 4C an CPO dobäi.
Den Owend huet ugefaange mat engem Detektiv-Spill. De Carlos, de Maskottche vun der Bibliothéik, ass entfouert ginn an eis Liesnuecht-Helden haten d’Aufgab hien erëm ze fannen. Sie hu vill missten tëscht den Zeile liesen, komplizéiert Rätsele léisen an onbekannte Platzen an der Schoul erfuersche fir de Carlos erëm ze fannen.
Och eisen Invité vum Owend, de Francis Kirps, war involvéiert an der Recherche nom Carlos. Verschidde Froe konnt nämlech just hien eise Schüler beäntweren. De Francis Kirps war awer net just do fir mat eise Schüler*innen ze diskutéieren, hien huet eis och Texter aus Planet Luxemburg, Eber im Nebel an Die Mutationen virgelies. Ausserdem krute mir nach e puer vu senge Poetry Slam Texter virgedroen.
No enger kuerzer Nuecht, huet Directrice eisen hongerege Schüler*innen Mueres Mëtsche laanscht bruecht, déi duerno glécklech an zefridde vun hiren Elteren ofgeholl gi sinn.