Heibäi handelt et sech em een pädagogeschen Projet, mat dem mir un éischter Stell Schüler uschwätzen wëllen, déi een opfällegt introvertéiert Verhalen an de Klassen opweisen.
An engem feste Grupp vu maximal 6 Schüler fuere mir 2x d’ Joer während 10 Wochen/Séancen, ëmmer Mëttwochs mëttes vun 13:00 bis 17:00 op Hobscheid op den Bauerenhaff.
Hei léieren d ‘Schüler net nëmmen Déieren vum Bauerenhaff kennen, mee si huelen och aktiv um Liewen vum Bauerenhaff deel. Ënnerschiddlech Aufgaben wéi Déieren fidderen, Stall mëschten, Kéi sträichen asw. kënnen vun de Schüler bewältegt ginn. Klengt op den éischten Moment einfach, ass et a Wierklechkeet awer net. Vill Schüler mussen bei dësen Aarbechten iwwert hiren Schied sprangen, hir Ängscht iwwerwannen an léieren op dësem Wee sech selwer an och hir eegen Grenzen besser kennen.
Des Gruppenaktivitéiten sollen och positiv Auswierkungen op déi sozial Fäegkeeten hunn, andeems si léieren sech besser matzedeelen, hier Meenung ze äusseren an och un Entscheedungen deelzehuelen. Lues a lues sollen si als Grupp zesummen wuessen an sech géigesäiteg ënnerstëtzen. Duerch vill positiv Erliefnesser gewënnt den Schüler mat der Zäit Vertrauen a sech selwer a saïn Selbstwäertgefill gëtt gestäerkt.
De Mënsch ass vun Natur aus mam Déier verbonnen, alleng schonn d ‘Präsenz vum Deier féiert dozou datt eise Stress Pegel ofhëlt an suergt dofir datt mir eis gutt spieren. Déieren sinn authentesch an huelen de Mënsch esou un wéi en ass, Feeler ginn net bewäert, si verschenken Léift a Gebuergenheet a vermëttelen dem Géigeniwwer d ‘Gefill gebraucht ze ginn.
Iwwer den Medium “Déier” gëtt eis pädagogesch Aarbecht mat de Schüler vereinfacht, Vertrauen baut sech méi schnell op an fest gelueten Ziler kënnen doduerch och méi schnell erreecht ginn.
Mat dësem Projet schwätze mir Schüler mat folgenden Opfällegkeeten un:
!!! Deelhuelen un dësem Projet soll op fräiwëlleger Basis bestoen !!!
!! Ouni schrëftlech Averständnis vum Schüler an den Elteren kann de Schüler NET matgoen!!
Kontaktpersounen:
Rohlinger Melanie: melanie.rohlinger@lbv.lu
Bour Yves: yves.bour@lbv.lu
Méi Infoe ënner: www.anhecken.lu |