Austauschprogramm mam Bodelschwingh-Gymnasium 2024-2025

Austauschprogramm mam Bodelschwingh-Gymnasium 2024-2025

Gelongene Schüleraustausch mam Bodelschwingh-Gymnasium

Eise Schüleraustausch mam Bodelschwingh-Gymnasium war och dëst Joer en vollen Erfolleg! Nodeems eis Schüler am Januar zu Lëtzebuerg Gäscht haten, stoung elo am Juni de Besuch an Däitschland um Programm.

D’Schülerinnen a Schüler haten net nëmmen eng ganz flott Zäit zesummen, mee si hunn och nei Frënn kennegeléiert, nei Kulturen entdeckt an vill wichteg Erfarunge gesammelt. Si konnten an de Schoulalldag vun hire Partneren eraluussen an déi verschidde Schoulstrukturen vergläichen.

Et war eng wichteg Geleeënheet fir iwwert d’Grenzen ze kucken, opzemaachen an zesummen ze léieren.

E grousse Merci geet un all déi, déi dëse Austausch méiglech gemaach hunn – Schüler, Elteren, Enseignanten an d’Gastfamilljen.

Mir freeën eis schonn elo drop, de Schüleraustausch am nächste Joer mat neie Gesiichter erëm weiderzeféieren!