Austauschprogramm mam Bodelschwingh-Gymnasium

Austauschprogramm mam Bodelschwingh-Gymnasium

Austauschprogramm mam Bodelschwingh-Gymnasium

11 janvier 2024

  - Sortie pédagogique

Start vun eisen Austauschprogramm mam Bodelschwingh-Gymnasium zu Windeck bei Köln. D’Schüler vu 6e a 5e an hir Begleederinnen si geschter gutt ukomm fir den 3-deegegen Openthalt. Ziil vum Austausch ass fir déi lëtzebuerger Schüler d’Verbesserung vun hiren Déitschkenntnisser. Um Programm stinn ennert aanerem eng Visite vu Köln.
D’Partnerschüler aus Déitschland wäerten dann am Juni an de Lycée Bel-Val kommen mam Haptziil hir Franséischkenntnisser ze verbesseren.
Mir wënschen e flotten Openthalt an d’Entstoe vu richteg schéine Frëndschaften!

 

2. Dag geschter vum Austausch mam Bodelschwingh-Gymnasium zu Windeck. Moies sinn eis Schüler mat an de Cours gaang. Mëttes war dann eng Visite vu Köln um Programm. Haut geet et neess heem.

E flotten Artikel op der Internetséit vum Bodelschwingh-Gymnasium zum Schülersaustausch.