Ökologesch Entdeckungstour an den Ellergronn

Ökologesch Entdeckungstour an den Ellergronn

Ökologesch Entdeckungstour an den Ellergronn

3 juillet 2025

  - Sortie pédagogique

Freides, den 20. Juni 2025, waren d’Schülerinnen a Schüler vun der 2eCP an der 3eGPS zesumme mat hire Biologiesproffen, Dinis Da Silva a Michèle Thill, am Naturreservat Ellergronn ënnerwee – fir eng „sortie écologique“.
Mam ëffentlechen Transport goung et an den Ellergronn, e flott Naturreservat am Süden. Op verschiddene Statiounen hunn d’Schüler Waasser- a Buedemanalysen duerchgefouert, Buedemdeieren an heemesch Planzen bestëmmt, abiotesch Facteure gemooss an de Minettsteen – e wichtegt Element vun eiser geologescher a kultureller Geschicht – ënner d’Lupp geholl. Bei schéinstem Wieder hu si en informativen an usprochsvollen Dag an der Natur verbruecht – mat vill neiem Wëssen an engem bewossteren Bléck op eis Ëmwelt.