D’Optioun „Shoah: Erënneren, fir net ze vergiessen“ war e Méindeg den 20. Oktober zesumme mam Musée de la Résistance zu Esch an de Frënn vum Resistenzmusée ënnerwee, fir d’Stolpersteng zu Esch ze botzen.
Sou blénken se erëm a bleiwen sichtbar als Erënnerung un déi Persounen a Famillen, déi am Zweete Weltkrich zu Esch verfollegt an déportéiert goufen.