En klengen Ablëck an den Metall-Atelier, proposéiert vum Här Josy Federspiel, am Kader vun der ORIKA Aktivitéit. Och dëst Schouljoer 2024/2025 hunn e ganz Réi Schoulklasse mat hiren jeeweilegen Härlehreren a Jofferen de Wee bis an de Lycée Bel-Val fonnt. Tëscht November 2024 a Juni 2025 hu eng ronn 640 Schoulkanner net just un enger Visitt guidée vum Schoulgebai an engem gemeinsamem Mëttegiessen an der Schoulkantin deelgeholl, mee konnten och un engem interaktiven Atelier an de Beräicher Elektronik, Holz, Metall, Baken an Naturwëssenschaften deelhuelen.