Evénements (15)

20 Jui 2017

Emoji Concours

Written by

Du kenns dech mat Emoji aus?

Da komm an d’Bibliothéik an entziffer den Emoji-Titel !

Du hues bis Freides, den 30. Juni Zäit däin Ziedel ofzeginn.   

Sabrina Kaufmann ass eng jonk lëtzebuergesch Mangaka, déi am Lycée e Manga Workshop ginn huet.

Vir unzefänken kruten d’Schüler erzielt wat e Mangaka ass, wat et bedeit Mangaka zu Lëtzebuerg ze sinn a wéi déi eenzel Etappen verlafen bis de fäerdege Manga an d’Vente kënnt.

Duerno hunn d’Schüler selwer dierften aktiv ginn a mat Hëllef vum Sabrina Kaufmann hu si e Gesiicht an en “Chibi” gezeechent. En “Chibi” ass eng kléng witzeg Figur bei der de Kapp esou grouss ass wéi de Recht vum Kierper.

D’Schüler waren alleguer motivéiert derbäi an haten ganz vill Spaass.

Den Hassan Ali Djan war an der Bibliothéik op Besuch vir mat de Schüler iwwert säi Buch Afghanistan. München. Ich. Meine Flucht in ein besseres Leben ze diskutéieren.

D’Schüler hu mat him iwwert d’Liewen am Afghanistan, déi geféierlech Flucht an Europa an d’Problemer vun engem Neiufank zu München geschwat.

D’Schüler waren impressionéiert vu sengem staarke Wellen a senger Motivatioun mat verschiddene Schwieregkeeten ëmzegoen: Hien léiert mat 16 Joer liesen a schreiwen, mécht eng Beruffsausbildung a baut sech eng nei Existenz zu München op ...

Am Kader vun den Journées du livre et du droit d’auteur 2017 organiséieren mir eng Liesnuecht an der Bibliothéik vum Lycée Bel-Val ënnert dem Motto Science Fiction. Et maachen d’Schüler vun zwou 7e Klassen an enger 6e Klass mat.

Freides, nom gemeinsamen Owesiessen, huelen d’Schüler un enger Liesung mam Holly-Jane Rahlens deel. D’Auteurin ass bekannt ënner anerem duerch hir Science Fiction Bicher Everlasting, Blätterrauschen oder Federflüstern.

Vir den Roman William, Maximilian Minsky und ich huet d’Holly-Jane Rahlens 2003 den Däitschen Jugendliteratur Präis kritt.

No der Liesung hunn d’Schüler nach Zäit e bëssen an hire Lieblingsbicher ze liesen an d’Bicher hire Kollegen virzestellen ier et Zäit ass vir an der Bibliothéik ze schlofen.

Samschdes mueres gëtt gemeinsam mat de Schüler Kaffi gedronk ier se vun hiren Elteren ofgeholl ginn.

Duerch des Liesnuecht an der Schoulbibliothéik soll de Schüler d’Freed um Liesen vermëttelt ginn.

Du kenns dech mat Emoji aus?

Da komm an d'Bibliothéik, entziffer den Emoji Titel a gewann mat e bësse Chance e flotte Präis !!!

Du hues bis Méindes, den 4. Juli 2016 um 14h00 Zäit vir déng Äntwert an der Bibliothéik an d'Këscht anzegeheien.

D'So vun der Melusina gëtt erzielt vum Sonja Lux-Bintner. D'Liesung gëtt musikalesch begleed vum Asya Sergeeva op enger keltescher Harf.

D’Arlette Schroeder-Hansen presentéiert de Schüler zwee vun hire Kannerbicher a schafft zesummen mat de Schüler Aktivitéiten aus, déi passend zum Thema vum Buch kënnen ugebuede ginn: bastelen, molen, sangen...

Ziel vun der Aktivitéit ass et de Schüler ze weisen, wéi een un eng Geschicht kann erugoen a wat een domat ka maachen, dat et net nëmmen e kuerzt Erliefnes vum Erzielen an Nolauschteren ass.

Bei de Bicher, déi virgestallt ginn, handelt et sech em De Flip, den Dropsi an d’Drëpsi op grousser Rees an em D’Famill Bëmmelchen, hir Frënn an den Dreck an der Natur.

Login Enseignants