23 Fév 2018

2. Liesnuecht am Lycée Bel-Val

D’Schüler an hir Enseignanten haten erëm vill Spaass op der 2. Liesnuecht vum Lycée Bel-Val, déi Freides, den 23. Februar stattfonnt huet.

Nom gemeinsamen Owesiessen hunn d’Schüler u verschiddenen Aktivitéiten deelgeholl. Eng Hörgeschicht ophuelen, Bicherbannen an e Manga Workshop mam Claudio Valentino Sorgo stoungen um Programm. Duerno ass nach fläisseg an de Lieblingsbicher gelies ginn ier et Zäit war d’Luucht auszemaachen an e bëssen ze schlofen.

De nächsten Dag ass et nom Kaffee an enger flotter Nuecht mat de Kollegen an der Schoul erëm Heem gaangen.

Fotogalerie

Read 236 times
-->

Login Enseignants