28 Avr 2017

Science Fiction Liesnuecht mam Holly-Jane Rahlens

Am Kader vun den Journées du livre et du droit d’auteur 2017 organiséieren mir eng Liesnuecht an der Bibliothéik vum Lycée Bel-Val ënnert dem Motto Science Fiction. Et maachen d’Schüler vun zwou 7e Klassen an enger 6e Klass mat.

Freides, nom gemeinsamen Owesiessen, huelen d’Schüler un enger Liesung mam Holly-Jane Rahlens deel. D’Auteurin ass bekannt ënner anerem duerch hir Science Fiction Bicher Everlasting, Blätterrauschen oder Federflüstern.

Vir den Roman William, Maximilian Minsky und ich huet d’Holly-Jane Rahlens 2003 den Däitschen Jugendliteratur Präis kritt.

No der Liesung hunn d’Schüler nach Zäit e bëssen an hire Lieblingsbicher ze liesen an d’Bicher hire Kollegen virzestellen ier et Zäit ass vir an der Bibliothéik ze schlofen.

Samschdes mueres gëtt gemeinsam mat de Schüler Kaffi gedronk ier se vun hiren Elteren ofgeholl ginn.

Duerch des Liesnuecht an der Schoulbibliothéik soll de Schüler d’Freed um Liesen vermëttelt ginn.

Read 369 times
-->

Login Enseignants