10 Oct 2016

Remise des certificats: „Peer-Mediatioun am Schoulalldag“

Den 6. Oktober kruten 117 Schüler en Certificat, well si un enger Formatioun am Kader vum Projet „Peer-Mediation im Schulalltag„ deelgeholl hunn. 

 

"Peer-Mediatioun" heescht jo, datt e Problem an engem Grupp vu Leit aus deem Grupp selwer geléist gëtt - also ouni Interventioun vu baussen, an dësem Fall da vu Proffen oder Direktioun ...

oder souguer Police ... Am Mëttelpunkt steet eng friddlech Léisung vu Konflikter.

 

Dës Feier gouf dëst Joer an Zesummenaarbecht mam Lënster Lycée organiséiert. Iwwereecht goufen d'Certificate vum Educatiounsminister Claude Meisch.

 

Hei goufen och 12 Schüler aus dem Lycée Bel-Val geéiert. Si hunn am leschte Schouljoer eng Formatioun vun insgesamt 42 Stonnen inklusiv 2 Ausbildungsweekender absolvéiert.

Begleet goufen dës Schüler vun hiren Trainer an Coachen aus dem Lycée Bel-Val.

 

 

INFO www.peermediation.lu ; www.lbv.lu 

 

Read 1722 times

Related items

-->